Conférence “1815: D’Gebuertsstonn vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ?”

D’Lëtzebuerger Historiker streide gäre mateneen iwwert d’Geschicht. Ee Sträitpunkt ass d’Fro wéini Lëtzebuerg a senger haiteger Form entstanen ass: 1815, 1839, 1867 oder esouguer eréischt 1890. Dës Konferenz versicht, duerzeleeë wat genee 1815 passéiert ass um Wiener Kongress. Wat waren di verschidde Verhandlungspositioune vun de Groussmuechten? Ween ass mat der Iddi komm, fir ee Groussherzogtum Lëtzebuerg ze schafen? Wéini a firwat? Wann een d’Verhandlungsprotokoller genee analyséiert, stellt sech eraus, datt d‘Preussen net sonnerlech u Lëtzebuerg intresséiert waren, an datt Lëtzebuerg net als souveräne Staat geduecht war. Obwuel 1815 een Neiufank ass, gëtt et dach eng Kontinuitéit mam Ancien Regime.

Par Guy Thewes, le 16 mars à 18h30, en luxembourgeois. Entrée libre



Dernière mise à jour