-
Konferenz: D'Groussherzogin Marie Adelheid: hir politesch Roll vun 1912 bis 1919
Et gëtt an der Lëtzebuerger Geschicht wuel kaum eng ëffentlech Persoun, déi méi ëmstridden ass ewéi d’Groussherzogin Marie Adelheid. An hirem Virtrag wäert d’Historikerin Josiane Weber op der Marie Adelheid hir bedeitend politesch Roll agoen a versichen, mat Hëllef vun historesche Quellen eng Entmystifizéierung vun der éischter Lëtzebuerger Groussherzogin virzehuelen.