En historeschen Ausfluch an d’Liewe vun eisem Nationaldichter, dem Dicks, zesummegesat 1991 vum Josy Braun. E flotte Programm, lëschteg opbereet vum Claude Fritz an dem Paul Dahm, mat ville bekannte Lidder aus sengen Operetten an enger Rei vu senge flottste Gedichter.
GRATIS.
D'Umeldung ass obligatoresch: servicedespublics@mnha.etat.lu oder 479330214.
Am Kader vun de Journées européennes du patrimoine, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Kulturministère.