Op de Spuere vum Vauban

Promenade en famille

Entdeckt déi baulech Iwwerreschter vun de Festungsmaueren a gitt bei engem flotte Parcours méi iwwert d‘Geschicht vun der Lëtzebuerger Festung gewuer, déi um Enn vum 17. Joerhonnert vum franséische Militäringenieur Vauban ausgebaut a verstäerkt gouf. Den Trëppeltour fir Grouss a Kleng geet am Musée Dräi Eechelen lass a féiert iwwert d’Festungsgemaier.

Ab 8 Joer. Op Lëtzebuergesch an op däitsch. Gratis, op Aschreiwung: 479330 214 oder servicedespublics@mnha.etat.lu

Dernière mise à jour