Conférence "De Pont Adolphe – ee Steen am Nationalarchiv"

D’Recherche iwwert d‘Geschicht vum Pont Adolphe kann een op eng gewëss Manéier mam eigentleche Bau vun dëser Bréck vergläichen: béid sinn zimlech ambitiéis, ma eréischt lues a lues setze sech hir eenzel Puzzelstécker respektiv Steng zu engem grousse Ganzen zesummen. D’Wierke vum Historiker ass eng Fläiss- an Detektivaarbecht, déi et erlaabt, no an no Brécken ze schloen tëschent den eenzelen Archivfongen, déi am Nationalarchiv – awer net nëmmen do – conservéiert sinn. Ëmmer erëm stéisst een op Dokumenter, déi nei Indice liwweren, onerwaarte Froen opwerfen oder d‘Acquisen an en anert Liicht récken. Dohier stellt sech séier d’Fro, wéi ee sech an deene ronn 45 km Dokumenter vum Nationalarchiv erëm fënnt a wéi een di spannend Geschicht vun der Neier Bréck zesummebaue kann. Dëse Virtrag soll net nëmmen eng Presentatioun sinn vun den eenzelen Archivfongen, déi fir dës Enquête wichteg sinn, mee et sollen och déi eenzel Dokumententypen virgestallt ginn, deenen een an der aler Kasär um Helleg-Geescht-Plateau begéint.

Par Corinne Schroeder, le 22 mars 2017, à 17h30, en luxembourgeois. Entrée libre.




Dernière mise à jour