D’Haus Nummer 22 an der Groussgaass an der Stad huet viru Kuerzem eng sëlleg BesicherInnen ugezunn, wéi eng japanesch Konfektiounschaîne mat weltwäit bal 2.500 Geschäfter, seng Dieren opgemaach huet. D’Geschicht vum Haus geet nawell méi wäit zréck. Am 18. Joerhonnert war et eng vun de wichtegste Plazen an der Festung: do hunn nämlech d’Interimskommandante gewunnt.
Wat ass en Interimskommandant?
Ënnert dem Keeser Karl VI., vu 1716 bis 1740, goufen den Duché an d’Festung Lëtzebuerg als éischt vun engem regulären an dono vun zwee provisoresche Gouverneure geleet, dem Johann Franz Graf von Bronkhorst-Gronsfeld (amt. 1716-1719), dem Franz Paul von Wallis-Karighmain (amt. 1727-1729) an dem Wilhelm Reinhard von Neipperg (amt. 1730-1753). D’Gouverneure vu Lëtzebuerg waren als Feldhäre mat Erfarung a wäertgeschate Beroder vum Keeser reegelméisseg am ganzen Habsburgerräich gefuerdert. Wa kee Gouverneur amtéiert huet oder wann en net am Duché war, gouf e sougenannten Interimskommandant temporär un d’Spëtzt vun der Verwaltung gesat. Si waren an der Reegel déi ranghéchst an déngschteelst Offizéier an der Garnisoun.
Kommandanten an der Groussgaass
Am Géigesaz zu den Zaldoten, déi an de Kasären ënnerkoumen, waren d’Offizéier, an och d’Kommandanten, an den Haiser a Wunnengen an der Stad logéiert. Ab Mee 1727 war d’Haus vun de Gräfinnen de Soetern (Zoetern; Zetern) an der Groussgaass, déi deemools „Judengasse“ genannt gouf, op der Plaz „Auf der Acht“ (vum spéidere Roude Pëtz) den Doheem vun den Interimskommandanten. Duerch d’Agangspaart an der Groussgaass ass een an e schmuele Gank erakomm, vun deem lénks een Iesszëmmer an eng Wunneng ofgoungen. Op der rietser Säit waren e klenge Raum, d’Kichen, d’Ställ, e Giewelzëmmer an d’Latrinnen. E grousse Bannenhaff huet zu weidere Gebailechkeete gefouert. D’Haus war allerdéngs zanter Joren net méi an d’Rei gesat ginn. Wéi de Johann Wilhelm von Unruhe aus dem Regiment vum Markgraf vu Baden als Éischte mat senger Fra a senge (Stéif-)Kanner do gewunnt huet, hunn dréngend misse Reparaturen un de Fënsteren an um baufällege Gespär ënnerholl ginn. Den desolaten Zoustand vum Daach huet dozou gefouert, dat d’Puttere morsch gi sinn. Eng dovunner ass an dat Zëmmer gekraacht, dat den Unruhe als Schreifstuff genotzt huet: « […] peut être il aurait pu être écrasé », liest een am décke Regësterband vun de „Logements militaires“ aus den Archive vun der Stad. Eréischt am Hierscht ass d’Haus renovéiert ginn. Schlässer, Schräiner, Glaser an Daachdecker waren am Asaz. Nom Unruhe sengem Doud de 7. Dezember 1728 an opgrond vum Logementsproblem an der Garnisoun ass kuerz drop de Philipp Henry Magawly (1675-1765) an dat fräit Quartéier geplënnert, bis hee mat sengem Regiment den 1. November 1731 d’Festungsstad rëm verlooss huet. Vläicht schonn am Februar 1732, spéitstens awer 1733 als Interimskommandant, ass den Adam Sigmund von Thüngen (1687-1745) an d’Haus erageplënnert. An deem Joer goufen am grousse Gaart vum Haus, deen un d’Kapuzinerklouschter ugegrenzt huet, véier grouss Iewe gebaut, déi am Fall vun enger Belagerung d’Uewerstad mat Brout versuerge sollten. Déi Iewe waren d‘Grondlag fir d’Garnisounsbäckerei, déi no 1795 am Kapuzinerklouschter ageriicht gouf.
« Un logement convenable à son caractère »
Nodeems den Thüngen d’Anne de Jost (1715-1778), d’Duechter vun engem Lëtzebuerger Riichter, am Oktober 1734 bestuet hat, dierft d’Koppel och dunn zesumme gewunnt hunn. Den Thüngen huet beim Bréisseler Duchhändler Jacques Truÿts fir hir Stuff eng 30 x 4 Ellen (keng ellen!) Tapéit bestallt, déi mat Beem, Blummen a Vigel verziert war. Heen huet den Truÿts och gebieden, him een net ze deieren Téizerviss aus Taasen, Telleren an Zaloteschosselen aus Parzeläin ze schécken. Fir „säin“ Anne huet den Thüngen Schlappen, Talonsschung an elegante Stoff fir Reeskleeder kaaft. 1735 ass am Haus Soeteren der Koppel hiert éischt Kand – de Karl Christoph – op d’Welt komm. Schonn am Joer drop as déi jonk Famill a Franken emigréiert, wou den Thüngen hierkoum. Réischt 1738 ass den nächsten Interimskommandant, de Johann Adolph d’Olisy (1737-1739) erageplënnert. De Magistrat huet d’Entscheedung sou begrënnt: « le colonel Olizy commendant moderne de cette place, en absence du general d’artillerie comte de Neipperg, nous a demandé un logement convenable a son caractere […] nous devons cependant convenir en faveur de la vérité qu’il ne peut plus subsister dans le quartier qu’il occuppe, tant pour recevoir ceux de la garnison et les etrangers qui viennent frequemment dans cette ville, que par raport aux fourriers d’ordonnance qui doivent se tenir chez lui. […] encore serait-il hors de nostre pouvoir d’y satisfaire nÿ aïant aucune maison vide qui puisse estre de sa convenance. Les commandans ses predecesseurs qui etoient les baron Dunruhe, colonel Magaulÿ et lieutenant felt marechal Baron de Thungen ont successivement occupé la maison des Comtesses de Zöetern […] nous souhaiterions de pouvoir contribuer de notre part à l’accomodement dudit colonel, aiant lieu d’estre tres satisfaits de lui, par le bon ordre qu’il tient dans son commandement. »
An dunn?
Den Olisy ass de leschte Kommandant, dee mer am Haus gräife konnten. Nodeems d’Proprietairinnen, d’Gräfinnen von Soetern, gestuerwe waren, stoung d’Haus laang eidel. 1785 huet d’Militär d’Haus opkaaft an d’Proviantamt (commissariat des vivres) doran ënnerbruecht. Wéinst de grousse Bakiewen louch dës Notzung no. Bis zur Schläifung vun der Festung 1867 huet d’Militärverwaltung d’Gebai genotzt. Dono ass de Staat Proprietaire ginn. An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert huet de Lëtzebuerger Heraldiker a Militärhistoriker Louis Wirion (1907-1961) am Haus gewunnt an dobäi ugefaang seng Geschicht ze schreiwen.
Simone Feis a Ralph Lange
Méi iwwert d’Haus, seng Bewunner an d’Verbindunge vum 18. Joerhonnert an eis Géigewaart kënnt Dir an der Ausstellung Sub umbra alarum. Luxemburg, Festung der Habsburger 1716-1741 am Musée Dräi Eechelen gewuer ginn déi bis den 23. Juni 2024 verlängert ginn ass.