
Eng historesch Ausstellung ze konzipéieren ass e ganze Prozess dee meeschtens op eng änlech Aart a Weis ugi gëtt. De Musée Dräi Eechelen huet sech dës Kéier de Lëtzebuerger Bundeskontingent erausgesicht. Dat war déi éischt Arméi vum Land, déi haut wäitestgehend vergiess ass. Dobäi huet se virun allem Spueren an der Lëtzebuerger Gesellschaft hannerlooss. D’Sich no potentiellen Objete fir an d’Austellung fänkt als éischt mol bei der Sammlung vum Musée un. En immens wichtegen Don ass an e puer Etappen déi lescht Joren an de Musée rakomm. Et handelt sech ëm Fotoen, Dokumenter, Tableauen an aner Objete vun der Stater Famill Munchen. De Louis-Alphonse Munchen ass ee vun eise Protagonisten an der Ausstellung. Anhand vun enger Panoplie un Objete kënne mer heen ëmmer erëm an de Kontext sëtzen a souwuel seng militäresch Karriär wéi och säi perséinleche Wee nozeechnen. Esou begleede mer heen als jonken Erwuessenen an d‘hollännesch Arméi, fannen heen erëm als Offizéier am Bundeskontingent deen tëscht Dikrech an Eechternach pendelt, ginn Zeie vu senger Hochzäit mat der Barbe Sophie Wolff an huelen Deel u senger Trauer wou seng Fra an zwee vu senge Kanner 1866 un der Cholera stierwen. Hee verkierpert dës Zäit wéi keen aner a vereent duerch dës aussergewéinlech Témoignage souwuel de militäreschen wéi och de gesellschaftlechen Aspekt.

De wäertvolle Fong vum Heraldiker Louis Wirion
Am Nationalarchiv hu mer eis intensiv duerch eng 60 Liasse gewullt déi esou räich un Informatioune waren, datt mer mol en Inventaire ugeluecht hu fir dono méi einfach kënnen d‘Sélectioun vun den Dokumenter ze maachen. Ee Fong ass besonnesch räich an zwar dee vum Heraldiker Louis Wirion (1907- 1961), dee sech och fir Uniformen an Arméi interesséiert huet. A senger Sammlung ginn et e ganze Koup Originaler a Kopie vu Fotoe mat Portraite vun Offizéier aus dem Bundeskontingent an doriwwer eraus. Zesumme mat deenen aus der Musées- Sammlung si si elo en uniquen Ensembel deen den Zaldoten e Gesiicht gëtt. Vill vun hinnen hu mer am Laf vun de Recherchen ëmmer erëm begéint, sief et am Kader vum Examen dee se hu musse maache fir Offizéier ze ginn, a Form vun engem Graw wat nach ëmmer existéiert oder vun engem Tschako deen d’Famill dem Musée iwwerlooss huet. D’Geschicht vum Bundeskontingent, deen aus zwee Jägerbatailloune bestoung a sech dowéinst och Jägerkorps genannt huet, hu mer och nach ganz rezent begéint: déi sougenannt Matrikelbicher vun den Offizéier an de Mannschaften. Wärend enger Visitt am Policemusée zu Capellen, krute mer esou e Matrikelbuch gewisen. Mir hu festgestallt, datt dat am Fong déi ganz militäresch a sozial Karriäre vun den Offizéier beinhalt. 155 Offizéier sinn do iwwert 150 Joer agedro, dee leschten 1996. An der Ausstellung wäert Dir gesinn, datt d’Buch op enger ganz besonnescher Säit opgeschloen ass… Och vun de Mannschaften existéiere Matrikelbicher, déi vun der Grënnung vum Jägerkorps 1842 bis 1881 net manner wéi 11.555 Zaldote verzeechnen. Ënnert den 18-Järegen, déi zu Lëtzebuerg gebuer goufen oder am Land gewunnt hunn, bestoung bis zur Grënnung vun der Fräiwëllegekompagnie am Joer 1881 nämlech Wehrpflicht.

E wichtege Prêt vun der Cour Grand-Ducale
Deen eenzege Portrait vum Kinnek Groussherzog als Oberbefehlshaber vum Bundeskontingent weist de Wëllem III. an der Lëtzebuerger Uniform virun der Stad. Dësen aussergewéinlechen Tableau, deen deemools duerch eng sëlleg Lithographien a suguer Photographie verbreet gouf, léint d’Cour grand-ducale fir d’Ausstellung. Ee vun den Highlights an der Ausstellung ass sécherlech déi portativ Uergel aus der Muttergotteskapell vun Eechternach, eng sougenannt Oranier- Uergel vun där der nach just 5 existéieren. Dës Uergel ass 1845 op Demande vum Kinnek Groussherzog Wëllem II. an Holland vun der Firma Bätz & Co. gemaach ginn fir op Walfer an d’Schlass. De Wëllem hat dem protestanteschen Deel vun der Garnisoun zu Eechternach schonn eng aner Uergel aus dem Walfer Schlass geschenkt, elo wollt dann och de kathouleschen Deel vun der Garnisoun hir Uergel fir d’Gottesdéngschter kréien. Där Demande ass de Souverain dann och nokomm. Den hollännesche Militärmusée, den Nationaal Militair Museum (NMM) Soesterberg, ass och Leihgeber. Fir iwwerhaapt mol d’Entsteeung vum Bundeskontingent ze verstoen, muss ee bis an d’Joer 1827 zréckgoen. Dunn ass d’Schutterij gegrënnt gi fir am gesamten Hollännesche Kinnekräich fir Uerdnung an de Stied ze suergen. Et war eng Garde communale déi polizeilech Aufgaben iwwerholl huet an an der Stad Lëtzebuerg aus 198 Mann bestan huet, et ware Männer tëscht 25 a 35 Joer déi all Joer per Lous an hirer Gemeng an den Déngscht gezu sinn. Mir hunn dat grousst Gléck eng donkelblo Uniformjackett vun der Schutterij am NMM kënnen auszeléinen.

Dem Auguste de Blochausen seng Säbeltäsch
E puer vun den Objete kommen aus Privatsammlungen. Sou zB en Tableau deen déi dräi Kanner vum Staatskanzler Frédéric Prosper de Blochausen weist. Säi jéngste Bouf den Auguste gëtt vun him mat 17 Joer an d’11. Éisträichescht Husaren-Regiment plazéiert. Seng Eenheet steet zu Żółkiew a Galizien, am Weste vun der haiteger Ukrain. Am Alter vun nëmmen 19 Joer stierft den Auguste un engem Infekt. An engem Bréif aus de Fonge vum Nationalarchiv dréckt de Papp seng Trauer a säi Schock doriwwer aus. Dem Auguste seng Säbeltäsch (Sabretache) mam gekréinte Monogramm vum Franz Josef I., Keeser vun Éisträich a Kinnek vun Ungarn aus dem Musée senge Sammlunge bleift mam Portrait ee vun de wéinege Souveniren. Net zuletzt huet de Bundeskontingent bzw. Jägerkorps Agank an d’national Dichtung a Musek fonnt. Wärend den Edmond „Dicks“ de La Fontaine oder de Michel Rodange an hire Wierker ironesch mat der Arméi ëmginn, war keen anere wéi de Jean- Antoine Zinnen den Dirigent vun der Musekskapell vum 2. Batailloun. Seng Melodie op den Text vun Ons Heemecht huet heen awer réischt laang no senger Zäit am Bundeskontingent komponéiert. Ab dem 24. Abrëll 2025 kënnt Dir fir d’Ausstellung am Musée Dräi Eechelen untrieden.
Simone Feis, Ralph Lange
D’Ausstellung Luxemburger Bundeskontingent. Militär und Gesellschaft im 19. Jahrhundert am Musée Dräi Eechelen gëtt den 23. Abrëll um 18 Auer ageweit.