Déi éischt Rekruten

De Musée krut 2022 e Konvolut vun den Aschreiwunge vun den éischten 177 Zaldoten an Ënneroffizéier vum Bundeskontingent, déi sech zu Iechternach fräiwëlleg der Trupp ugeschloss hunn. Et ass e richtege Glécksfall datt dës Signalements-Fichen aus den Ufanksjore vun der éischter Lëtzebuerger Arméi iwwerhaapt erhale bliwwe sinn. Si erlaben onverhofft Réckschlëss op d’Hierkonft an d’Rekrutéierung vun den Zaldoten. Den Duerchschnëttsalter vun den 154 Lëtzebuerger, 20 Preisen an 3 Belsch läit bei 22 Joer. Well d’Rekrutéierung dorobber baséiert huet, datt een sech als Fräiwëllegen huet musse mellen, war dat Ganzt en immens schwéierfällegen a laangwierege Prozess.

De Johann Peter Schmitz vu Gréiwemaacher 

Am éischte Mount, dem Oktober 1842, ginn nëmme fënnef Fräiwëlleger opgeholl. Den 8. Oktober 1842 kritt d’Nummer 1, de Johann Peter Schmitz (*1823), seng Diensttauglichkeit vum Dokter Schepp an dono säi Signalement vum kommandéierenden Offizéier, dem Baron von Quadt, confirméiert. Enn November schreift hee sech och nach an d’Nationalmiliz an.

A sengem Dossier leien nach en Auszuch aus dem Gebuerteregister vu Gréiwemaacher, enger Autorisatioun vu sengen Eltere fir sech am Kontingent anzeschreiwen, den Accord datt him déi für die Landesarmee festgestellten Kriegsgesetze deutlich vorgelesen gi sinn, an och e Führungsattest a säin Abschid aus der belscher Arméi. Nom Friddensvertrag tëscht den Nidderlanden an der Belsch ass de Schmitz den 18. September 1839 aus dëser entlooss ginn comme appartenant à une commune passée sous la nomination de la Hollande. De Miseler hat sech mat 16 Joer fräiwëlleg fir 6 Joer an de belschen Déngscht gemellt a seng Karriär am 2. Artillerieregiment do ugefaang. Lo muss heen zréck op Gréiwemaacher wou heen eng Aarbecht fënnt als Aide-vétérinaire. Warscheinlech ass e frou, datt en no 3 Joer do ka fort fir zréck an d’Arméi.

Den Henri Eiffes vu Beefort

Am November 1842 sinn et well 23 Fräiwëlleger. Ee vun hinnen ass d’Nummer 11, den Henri Eiffes (*1823), den eelste Bouf vum napoleonesche Veteran Michel Eiffes. Seng Eltere sinn d’accord dass ihrer Sohn […] sich in das militaer Corps des großherzogtum lutzemburg [sic] ein verleiben soll. Bei senge Popeiere läit och säi Gebuertsschäin an d’Preuve datt heen am Milizregëster vu senger Heemecht Beefort ageschriwwen ass. [S]ein gutes Betragen hat ihm dazu verholfen, gut von allen Bürgern der ganzen Gemeinde angesehen zu sein, schreift de Schäffe Wolff a senger Recommandatioun. Den Henri léisst sech fir d’Maximaldauer vun 8 Joer androen a wäert et spéiderhin ëm 8, dono 6 a schliisslech ëm 2 Joer verlängeren bis en den 31. Dezember 1882 no véierzeg Déngschtjoren an d’Pensioun geet. Duerno grënnt heen eng Amicale fir déi fréier Ënneroffizéier.

Ënnert den 32 Fräiwëllege vum Dezember ass och den Oboist Franz Höbich (Nummer 89), 1813 zu Langenölse bei Breslau gebuer. Hee gehéiert zum 37. kinneklech-preiseschen Infanterieregiment dat 1842 an d’Festung Lëtzebuerg verluecht gëtt. Mëttlerweil déngt den Höbich säit 9 an engem halwe Joer a kann dowéinst seng Entloossung an Erlaubnis zur Auswanderung ufroen fir dann an de Bundeskontingent anzetrieden. 1848 gëtt de Muséker naturaliséiert.

Den André Junck aus der Stad 

Enn 1842 kommen 30 vun den 74 zum Kontingent versaten Zaldoten an Offizéier aus kinneklech-nidderländeschen Déngschten zu Iechternach un. Déi grouss Unzuel iwwerfuerdert d’Verwaltung déi se réischt am Januar als Deel vun insgesamt 41 Rekruten ophëlt. D’Nummer 44, den 21-Järegen André Junck aus der Stad, dee sech 1838 beim 9. Infanterieregiment vun der Landmacht als Tambourléierbouf engagéiert hat, gëtt de 26. Januar 1843 als Sergeant an de Jägerbatailloun vum Bundeskontingent opgeholl.

Bal 70 Joer méi spéit kuckt en dorobber zréck: Im Jahre 1840 liess S. M. der König in den Kasernen bekannt machen, in Luxemburg würde ein einheimisches Korps errichtet und alle Luxemburger und Deutsche, welche in holländischen Diensten seien, könnten mit dem nämlichen Grade in diese Armee eintreten. Ich spürte starkes Heimweh und meldete mich sofort zur Aufnahme in dieselbe. Mein Oberst suchte mich zu bewegen, zu bleiben wo ich wäre, es stände mir hier eine schöne Zukunft bevor, doch das Heimweh war stärker, ich war von meinem Vorhaben nicht abzubringen. Die Folge war, dass ich anderntags aus der Militärschule entlassen und dem Felddienste wieder zugeteilt wurde. Nach langem Warten kam endlich am 15. November 1842 der Befehl zur Abreise. In Roermond bei Maestricht sammelten wir uns und marschierten wohlgemut unter Führung eines Hauptmannes [Ubaghs] und eines Leutnants über Aachen, Montjoie, Bütgenbach, St. Vith. Weiswampach und kamen am 3. Dezember 1842 in Diekirch an. Die Artilleristen und Kavalleristen blieben hier, wir marschierten zu noch ungefähr 30 Infanteristen nach Echternach weiter. Dort fanden wir vorerst Unterkunft bei den Bürgern der Stadt, bis der angefangene Kasernenneubau fertiggestellt war. Nach 1 1/2 Jahren konnten mir [sic] die Kaserne beziehen.

Méi iwwert de Profil vun de Fräiwëlleger online

Bis Ufank 1843 komme weider Fräiwëlleger aus dem Grand-Duché dobäi, souwéi 24 Preisen, 9 Hollänner, 7 Belsch, de Spuenier Ferdinand von Poser an den Dän Peter Möller. De Grenadéier Remacle-Constant Crespin vu Marche dee sech 1841 fir 8 Joer engagéiert hat, gehéiert zu deenen Zaldoten déi den Départ zu Roermond verpasst hunn. Si kréien e Passéierschäin an den Abschid vum nidderländesche Krichsdepartement. 1843 melle sech 80 Fräiwëlleger mee d’Zuel hëlt dono drastesch of: 11 fir 1844, 8 fir 1845, 8 fir 1846 a 4 fir 1862. Dës scheinbar kleng Unzuel vu Fräiwëllege verzerrt awer d’Bild vun der Trupp déi sech grad am Opbau befënnt an déi haaptsächlech op wehrpflichtege Milizionäre baséiert. Dem Christian Philippe Bruinier seng Matrikelnummer confirméiert dat. Wéi den 1825 zu Antwerpen gebuerene Sergeant aus dem 8. nidderländeschen Infanterieregiment de 15. November 1843 an de Jägerbatailloun opgeholl gëtt, kritt hee schonn d’Nummer 1096. Déi vill Popeiere vun den Aschreiwunge vun den éischten 177 Zaldoten an Ënneroffizéier vum Bundeskontingent, déi sech zu Iechternach fräiwëlleg der Trupp ugeschloss hunn, kënnt Dir elo op Collections, der Sammlungsplattform vum MNAHA, kucken. Vläicht fannt Dir jo Kënneger!

Text: Simone Feis & Ralph Lange - Fotoen: Éric Chenal

Quell: MuseoMag N° IV - 2025 

Dernière mise à jour