„Eng Ausernanersetzung mat der Zäit vun der Festung“

De Yann Tonnar am Gespréich mam Simone Feis

De Moler Jean-Baptiste Fresez huet seng Lithografien, déi zum Deel onerwaarte Vuen aus der Haaptstad weisen, ëm 1829 realiséiert, also nach relativ am Ufank vu senger Karriär. Wat war den Uräiz fir en artistesche Projet op Basis dorobber ze maachen?

Ech war amgaang um Fotosbuch vum Projet Stadtrand ze schaffen an hunn eng Iddi gesicht fir d’Couverture dovunner. Éischter wei eng Foto aus dem Wierk ze huelen, hunn ech geduecht et kéint interessant sinn eng al Vue vun der Stad ze huelen. Aus iergendengem Grond hunn ech an der Vergaangenheet al Vuë vun der Festung gesammelt an hunn e Bou mat de Facsimiléë vum Fresez a Bernard hiren 9 Vues de Luxembourg aus dem Schaf geholl. Ech hat dunn eng Zort «Geistesblitz» wou ech mer gesot hunn: ee Moment – dei Pointde- vuë ginn et jo nach. An et kéint interessant sinn déi haut, bal 200 Joer méi spéit, nach emol opzesichen, ze fotograféieren an déi Saachen iwwerteneen ze leeën. Ganz inspiréiert an opgewullt sinn ech dunn direkt un engem ganz waarme Summerdag eng éischte Kéier déi 9 Punkten opsichen a fotograféiere gaang.

Ginn et grouss Ënnerscheeder tëscht dem Fresez sengen Opnamen an deenen déi Dir gemaach hutt?

Grouss Ënnerscheeder, awer och vill Similituden. Ouni Iwwerraschung ass dee gréissten Aschnëtt an d’Stadbild d’Schläifung vun der Festung, mee och d’Eisebunnsbréck. Ee glécklechen Zoufall war dass dem Fresez säi Format quasi dem Standard Format vun der haiteger Fotografie (2:3) entsprécht, an och dass seng Perspektiven zum Deel (net ganz) fotografesch stëmmen. Eng schéi Surprise ass ëmmer wann een en Haus entdeckt, wat nach ëmmer op där selwechter Plaz steet, a genau iwwertenee passt. Fir mech perséinlech war et awer och eng Ausernanersetzung mat der Zäit vun der Festung, an d’Aliichtung dass d’Festung, déi een haut romantiséiert, deemols och staark anengend, voire emprisonéierend muss gewierkt hunn, fir déi Leit déi bannent hire Mauere gewunnt hunn.

©Eric Chenal

Kéint Dir Är Démarche an dëser Serie erklären – wéi entstinn dës Wierker, wat ass den technesche Prozess?

No éischten Tester, sinn ech an enger zweeter Phas méi systematesch virgaang an hunn alles nach emol mat enger héichopléisender Kamera opgeholl. Déi meeschte Point-de-vuë waren zougänglech, voire zum Deel verdeckt, wat och interessant war. Ee Point de vue war awer ganz vun der Vegetatioun verdeckt. Do hu mer missen e Kran loune fir an déi richteg Positioun ze kommen. Duerno gëtt alles um Computer verschafft, als digitale Collage. Vu dass ech iwwerhaapt keen Expert am Photoshop war, hunn ech fir d’éischt mol missen eng sëllegen online Tutorials kucken, fir mech an d’Technik vum Compositing eranzeschaffen.

An Ärer leschter Fotosausstellung Stadtrand vun 2022, hutt Dir Eech och scho mam Thema Urbanismus, Stadentwécklung a virun allem dem Mënsch seng Emprise dorobber, befaasst. Firwat ass dat e Sujet deen Eech um Häerz läit?

Eng gutt Fro, zu där ech net wierklech eng Äntwert hunn well dat gréisstendeels intuitiv geschitt. Eigentlech befaasst sech mäin éischten Documentaire Schrebergaart (2009) scho mat änlechen Thematiken. Ech hunn dat réischt nodréiglech bemierkt. Ech ka just soen dass ech d’Natur gären hunn, mech fir Kulturentwécklung a Geschicht interesséieren, an dass ech gären dobaussen an der frëscher Loft sinn. Et huet en observatoreschen an en zivilisatiouns-kriteschen Aspekt.

©Eric Chenal

Als „Stater Jong“, wéi ass Är perséinlech Aschätzung zu der Entwécklung déi d’Stad Lëtzebuerg de Moment matmécht?

Hmm. Wann ech lo kulturell kucken, fannen ech dass d’Stad eng positiv Entwécklung matgemaach huet. Ech sinn an de spéiden 80er ugangs 90er grouss ginn, do ware mer nach an enger Zort kultureller Wüst zu Lëtzebuerg. Dat ass lo net méi sou. Architektonesch an urbanistesch sinn ech net de Spezialist, mee ech gesi kee wierklecht Konzept an och keng gréisser Visiounen. Et sti wéineg nei Saachen do, wou ee spiert dass do een eng inspiréiert Visioun gehat hätt oder e Sënn fir Ästhetik. Wann een 1829 mat 2025 iwwertenee leet, si bal ëmmer déi Konstruktioune vu virun 200 Joer méi interessant. Op d‘mannst a mengen Aen. T’ass symptomatesch fir Lëtzebuerg, mee et schéngt u Courage ze feelen fir gréisser Visiounen a fir Entscheedungen déi net just vum direkte Profit guidéiert ginn. T’ass schued, well d’Moyene sinn do fir méi ambitiéis Projeten.

Dir hutt 2011 un der Installatioun vun der thailännescher Artistin Hong-Kai Wang op der 54. Biennale zu Venedeg mat engem Video bäigedro. Wat huet déi Erfarung fir Är weider Karriär bedeit?

T’ass manner déi Aarbecht un a fir sech, wéi de Kontext an där se entstan ass. Ech hunn iwwert eng Period vu 7 Joer fir de Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain all hir Ausstellunge filmesch dokumentéiert an Interviewe mat de Kënschtler gemaach. Aus deem Optrag eraus ass net nëmmen d’Zesummenaarbecht mat der Hong-Kai Wang entstan, mee och den Documentaire «Atelier Luxembourg», déi mech zweemol op d’Biennale vu Venedeg bruecht hunn. Mäi Verständnis vu wat zäitgenëssesch Konscht ass, souwuel als Praxis, mee och als Theorie, als Milieu an als Marché, huet sech doduerch staark ausgebilt.

©Eric Chenal

Dir hutt Visual Culture studéiert a sidd esou wuel an der Fotografie wéi och am Film ënnerwee. Wat fir e Medium hutt Dir léiwer? Ass et eng Erausfuerderung, sech an zwou verschiddenen artisteschen Disziplinnen ze behaapte bzw. akzeptéiert ze ginn?

Ech sinn eigentlech iwwert d’Fotografie zum Film komm an hunn dunn iergendwann decidéiert meng berufflech Carrière dem Film ze widmen. Zanter enger Rei Jore sinn ech elo am Film méi an der Produktioun wéi an der Realisatioun ënnerwee. Genau zum gläiche Moment ass den Drang zur Fotografie nees opkomm, wat mir perséinlech eng grouss kreativ Satisfatkioun an en Ausglach gëtt. Fir gutt Fotografie ze maachen, brauch ee vill Zäit a Rou, woumadder ech als jonke Mënsch net vill konnt ufänken a wat ech elo immens schätzen. Et ass sécherlech eng Erausfuederung an et sinn zwee ganz verschidde Milieuen. Ech kann allerdings net behaapten dass ech am Milieu vun der Fotografie établéiert wier, mee et kann och en Avantage sinn, wann een dat net muss an sech einfach op seng Aarbecht konzentréiert.

Dësen Interview gouf vum Simone Feis gefouert.

D’Ausstellung La cité transparente am Musée Dräi Eechelen gëtt den 23. Abrëll um 18 Auer ageweit an dauert bis den 16. November 2025.

Dernière mise à jour