Op de Spuere vum Vauban

Promenade en famille

Entdeckt déi baulech Iwwerreschter vun de Festungsmaueren a gitt bei engem flotte Parcours méi iwwert d‘Geschicht vun der Lëtzebuerger Festung gewuer, déi um Enn vum 17. Joerhonnert vum franséische Militäringenieur Vauban ausgebaut a verstäerkt gouf. Den Trëppeltour fir Grouss a Kleng geet am Musée Dräi Eechelen lass a féiert iwwert d‘Festungsgemaier. Denkt u fest Schung a passend Kleedung.

Gratis, L/D/E/F/, nëmmen op Aschreiwung: servicedespublics@mnha.etat.lu oder 479330-212 oder -414

Dernière mise à jour