Dem Adam Sigmund von Thüngen seng Festung

Visite théâtrale

Op dëser Visitt hutt der déi grouss Éier, de Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen kennen ze léieren. Well d’Zaldote bal alleguer desertéieren, ass hie verzweifelt op der Sich no neie Rekruten. Vun him gitt der gewuer, wéi d’Liewen an enger Festungsstad esou zou sech geet, mat de Riichteren, Händler, Handwierker, Béierbrauer a Mauereschësser. Wat sinn iwwerhaapt d’Konditioune fir e gudden Zaldot ze ginn? Wat verdéngt een, wéi gëtt een Offizéier …? Traut iech bei de Sigmund ze kommen awer passt gutt op, dat der net als neie Rekrut an der Stad hänke bleift!

Fir Grouss a Kleng, Kanner ab 5 Joer, op Lëtzebuergesch.

Obligatoresch Aschreiwung: servicedespublics@mnaha.etat.lu oder um 479330-214/-414

©MNAHA-TOM LUCAS

Dernière mise à jour