D’Souveraine vum 19. Joerhonnert drécken dem Militär an der Gesellschaft hire Stempel op. De Kinnek-Groussherzog Wëllem I. vun Nassau regéiert Lëtzebuerg a Personalunioun. Mam Ausbroch vun der Belscher Revolutioun 1830 fänkt säi Règne un. Säi Jong Wëllem II., den Held vu Waterloo, stellt de Bundeskontingent op. Am Fréijoer no der Revolutioun 1848 stierft en un enger schwéierer Krankheet. Säi Fils Wëllem III. iwwerhëlt fir véier Joerzéngten den Zepter a manövréiert de Grand-Duché duerch d’Lëtzebuergkris vun 1867 bis zur Neutralitéit. Hee stierft 1890 ouni männlech Nofueren an esou gëtt den Adolph vun Nassau-Weilburg net nëmmen den neien Oberbefehlshaber vum Militär mee gëtt och dem Land eng nei Dynastie.
En luxembourgeois, gratuit.