Conférence "Eechternoacher Faïencen"

1797 hoat de Jean-Henri DONDELINGER den I. an där fréierer Eechternoacher Glusterkiirch an an aneren Abteigebaier en Faïencerie opgemaacht. Heen hoat der Faïencerie Boch aus der Stad, déi säit dem Abroch voa fransische Revolutiunnstruppen ausgebombt war, hir Oarbichter an hir Produktiunn dälweis iwerholl. Mat vill Erfollig, esu dat no seim Dutt (1816) säi Fils Jean-Henri DONDELINGER den II. a säin Edem Jean Gaspard MULLER sein Nofollig iwerholl hoan. Spidder hoat och de Jean-François BOCH zu Eechternoach produzéire geloss, genau wi de Jacques LAMORT a säi Fils Claude-Charles an och de Jean-Henri DONDELINGER den III, den Enkel voam Grënner. 1874 hoat d’Eechternoacher Faïencerie winnst wirtschaftlichen Ursaachen hir Diren zougemaacht : hir Wiirken während 75 Jaouer hot di fréier Benediktinerabtei net onberéiert geloss an hoat d’Eechternoacher Stadbild stoark markéiert.

Hout ass hir Produktiunn a ville Kollektiunnen ze bewonneren : Vizbattien, bireförmig Kaffiskréich mat bloem, stiliséierte Meissener Zwiwel-Muster an äner Zull mat Vullekoap, oval Zoppekëmp mat muschelförmige Grëffer, rustikal Telleren a Schossele mat Fëldbloumen am Spigel a mam Schwamp opgedronem Dekor oam Rand, Wäiwaasserdëppercher a Kruzifixer, och vill Pièce mat opgedrécktem Dekor.

Par Frank Wilhelm. Le 2 mars à 18h30, en luxembourgeois. Entrée libre


Last update