Ech hu mech schonn oft gefrot wéi dat wier en direkten Abléck an d’Geschicht ze kréien, einfach d’Leit aus der Zäit froen ze kënnen a sech net just op Bicher an Artikelen bezéien ze mussen.
Genau déi Éier hat ech dëse Summer: en direkten a ganz éierlechen Interview mam Adam Sigmund von Thüngen bei enger Taass Téi.
Här von Thüngen, et ass mir eng grouss Éier, dass Dir Iech Zäit geholl hutt aus Ärem immens opreegende Liewen hei zu Lëtzebuerg fir mat mir ze schwätzen. Wéi geet et Iech?
Jo gutt. Also Dir sot opreegend, géif ech am Fong gäre bessi méi Karriär maachen. An hei Lëtzebuerg –et ass jo ganz schéin hei – mee ech kommen hei net richteg virun. Ënner eis: et ass bëssi langweileg hei....
Gefält Iech Lëtzebuerg dann net sou gutt wéi Dir Iech et erwaart hutt?
Dach, dach, et ass eng formidabel, wonnerschéi Plaz, mat vill Geschicht an ech krut jo och e Fort a mengem Numm gebaut, an dass ganz vill Perséinlechkeete viru mir hei waren, sou wéi de Vauban, mee lo sou als Interimskommandant ass et ëmmer schwiereg. D’Betounung läit eben op Interim – et ass een een, mee t’ass een eben och keen. Et huet een eben näischt richteg ze soen.
Wéi ass et iwwerhaapt komm, dass dee Fort no Iech benannt gouf?
Majo, lo wou mir Éisträicher hei sinn – mir si jo all Éisträicher hei, och ech als Süddäitschen –, war ebe grad de Fort am Bau. Wéi se mech dunn heihinner gesat hu fir de Grof vun Neipperg ze ersetzen, hun se sech geduecht, da kritt en och mäin Numm.
War dat eng grouss Éier fir Iech, oder ass dat eng Selbstverständlechkeet?
[laacht] Nee, ech fannen dat scho selbstverständlech. Natierlech ass et och eng Éier, mee et gehéiert sech awer och, fannen ech. Si hu jo och schonn den Tour gemaach mat de Benennungen: Fort Charles fir de Keeser, Fort Elisabeth fir seng Schwëster, eis Gouvernantin, Fort Neipperg fir de Gouverneur an ech sinn dee nächsten am Rang.
Wunnt Dir dann och an Ärem Fort?
Nee, nee, nee, ech wunnen an der Stad, am Zentrum vun der Forteresse, beim Roude Pëtz, mat menger Fra, dem Anna.
An d’Zaldote wunnen déi dann do, oder ass et nach ganz eidel?
Ah dat ass eng gutt Fro… [hien iwwerleet]… Eisen Ingenieur, de Simon de Bauffe, deen dat Ganzt geplangt huet, hat dat virgesin. Souwäit ech weess, wunnen bis elo nach keng Zaldoten do. Ech hunn awer Visiounen, dass se dat eben an 100 Joer réischt richteg ausgruewen fir dass do puer 100 Zaldoten kënnen wunnen.
Wa mir scho beim Thema Zaldoten sinn, wat mécht e gudden Zaldot fir Iech aus?
Ha! Also dat ass eng ganz schwiereg Fro, well éischtens emol ass et schwéier hautdesdaags e gudden Zaldot ze fannen. Se lafen eis jo all fort! Dir hutt dat jo sécher matkritt, nee?
Et ass eng héich Unzuel un Deserteuren, stänneg, vu datt Frankräich jo just e Musketeschoss vun mengem Fort wech ass – Dir gitt jo bis op Hesper an da setzt Dir jo a Frankräich. Si kommen da bei mech an ech hunn dann och nach e gudden Androck vum Här – deen do géing e gudden Zaldot ginn – an wat mécht hien?! Hien hëlt d’Primm a leeft eriwwer bei d’Fransousen a rifft „Déserteur, déserteur, déserteur!“, an dann hëlt en do d’Primm! An de Clou ass, da kommen se bemools rëm zréck aus Frankräich! Bei mech! An da jäizen se rëm „Déserteur, déserteur!“.
D’Situatioun ass sou dramatesch. Ech géing se jo am léifste condamnéieren a fir éiweg an de Prisong verdamen, a wéinst menger och mol gutt beetschen… awer ech ka mir dat net erlaben. Ech si jo scho frou wann iwwerhaapt mol Leit kommen.
Sinn dat da Lëtzebuerger Zaldoten oder kommen déi aus der Groussregioun?
Vun iwwerall. Vun der ganzer Vergaangenheet hu mir hei mindestens 20, 30 Natiounen als Zaldoten: Serben, Kroaten, Englänner, Spuenier (nach ëmmer), Hollänner, … vun allem hu mir hei. Dir kënnt Sprooche léieren an eiser Festungsstad. Wann et eng Plaz gëtt wou ee ka Sprooche léieren ass dat an eiser Festungsstad!
Schwätzt Dir dann och aner Sproochen ausser Däitsch?
Ma Latäin! A Franséisch natierlech.
Well dat d’Sprooch um Haff ass?
Mir ënnert der Noblesse «Nous parlons le français, oui-oui, bien sûr».
Awer mat engem schéinen éisträicheschen Accent?
«Ah non, je ne crois pas. On m’a dit qu’on n’entend pas trop l’accent autrichien».
Ah ok, mäi Lëtzebuergesch héiert een ëmmer…
Ah, jo! Dir schwätzt d’Sprooch vun hei… dat ass eppes Komesches…
Dir sot, et ass schonn net sou einfach hei zu Lëtzebuerg, mat de Problemer Zaldoten ze rekrutéieren an an Ärer Karriär weiderzekommen, an et ass net déi opreegenst Stad. Wat maacht Dir da fir dat auszegläichen? Wat mécht Iech frou?
[iwwerleet] Ech schaffen einfach gären, wësst Dir. Ech sinn am Fong beruff fir deen ze sinn, deen ech sinn, wéi all d’Leit aus der Noblesse. Ech krut scho ganz fréi meng Erzéiung, wéi ech mech als Offizéier ze verhalen hunn. Ech géing am léifste gäre richteg Truppe befeelen a rëm e Schluechtfeld gesinn. An hei sëtzen ech einfach sou… hunn näischt Richteges ze soen… De Simon de Bauffe ass nach am gaangen de Fort ze bauen… ech kann do mol net matschwätzen. Dat Eenzegt wat ech do maache kann, ass him d’Suen andreiwen.
De Festungsbau verschléngt onmoosseg vill Suen, mee esou eng Arméi, déi ass nach vill méi déier!
Ech war lo grad nach hei d’Schlassbréck kucken, déi grad gebaut gëtt. An da muss ech natierlech kucke fir do d’Suen erbäi ze kréien – dat ass net sou einfach. An da muss ech och nach kucken, dass et an der Stad roueg bleift. Dofir soen ech, et ass schonn eng interessant a schéi Plaz… mee wat mécht mech frou?
Jo dee Pouvoir sou ze hunn, bëssi ze kommandéieren, ass scho befriddegend, et muss ee jo kucken dass et virugeet. An ech maachen dat jo och net schlecht.
Sidd Dir dann och ni de Kaarten, dem Wäin oder de Frae verfall? Hutt dir keng Laster déi Iech frou maachen?
Ah nee, nee, nee. E Laster kann ee jo net frou maachen! Nee, nee, nee.... a Franken si mir protestantesch grouss ginn. A bei den Habsburger huet ee jo als Protestant do näischt ze mellen…dowéinst hun ech d’Gebietsbuch gewiesselt. Ech hu jo dunn 1734 dem Riichter, also dem Franz Heinrich von Jost, seng Duechter bestuet.
An du war ech jo dann e Katholik an da kritt ee jo aner Positiounen bei den Habsburger do… soss wier ech jo ëmmer am Mëttelmooss bliwwen. An duerch d’Anna a meng Konversioun zum Katholizismus, si mir du schonn Dieren opgaangen.
Lo wou ech Iech sou hei viru mir sëtzen hunn… muss ech einfach soen, dass Dir sou flott ugedoe sidd.
Kënnt Dir eppes zu der Bedeitung vun Äre Kleeder soen?
Jo, dat ass eben d’Uniform vun den Éisträichesch-Habsburger… Et ass dat schéint Wäiss an dat Feierrout vum Regiment, an deem ech och kommandéieren – dem Duc d’Arenberg säint.
…an är Hoer? Déi immens Krauselen? Sëtzt Dir do all Moie mat de Bigoudien?
Ooh… Dir wësst dach ganz genau, dass dat eng Paréck ass! Mir hu jo iwwer 15 Paréckemaacher am Gronn a Pafendall. An déi kaschten all en Heedegeld! Dofir den Deserteure soen ech souguer: „wann dir desertéiert, huelt d’Uniform, awer déi Paréck, déi bleift hei!“ Dat ass dat deierst wat een sou un der Uniform huet! Ech zielen Iech do keng Spiichten! All Zaldot kritt eben sou eng Paréck.
Huet déi Paréck dann och eng Funktioun? Hält se Iech d’Oueren waarm oder hält se den Helm besser un?
Nee, nee, dat ass reng representativ, wann een sech weise geet, fir eppes duerzestellen. Um Schluechtfeld doen ech déi aus.
Musst Dir déi dann och all Dag pudderen?
Nee, nee, ech doen déi Owes aus wann ech heemkommen. Dat Bescht ass natierlech wann een sou Hoer huet… also dat musst Dir lo net publizéieren… mee ech hunn déi dënn Hoer. Dat ass eben sou eng Moudesaach.
Ech wëll Iech och lo net ze laang ophalen, dofir als leschte Fro….
Oh jo ech hunn nach vill ze schaffen… Ech muss jo nach op de Chantier op der Schlassbréck… wéi fannt Dir dann déi Steng?
Ech hunn do ästhetesch keng Meenung dozou, soulaang d’Bréck dono steet…an dat mécht se jo nach ëmmer….
Ah sou. Well mir hu laang no enger Carrière gesicht déi sou rout orange Steng huet. Bis mir op déi zu Bierg bei Betzduerf gestouss sinn.
...an d’Faarf war den Haaptkrittär?
Oh jo, déi huet eis gutt gefall! Déi ass an dem rouden Toun… sou bëssi éisträichesch eben.
Ma als ganz lescht Fro, zum Ofschloss, elo wou mir op d‘Mëttesstonn zousteieren: wat ass Äert Liblingsiessen?
Ma – dat kléngt lo bëssi komesch – eng Schmier mat Duxmunder Botter. Deen ass formidabel! Ech bréngen Iech es bëssi mat. Ech hu mir es dës lescht nach en Zenner bestallt a mat den Diligencen déi all Dag vu Bréissel kommen liwwere gelooss.
Mee ech loosse mir villes vu Bréissel kommen – all déi Délicatessen: vun Austeren bis … mee zielt dat net ze haart, net dass d’Zaldoten do nach… jo, mee de ganze Luxus kënnt vu Bréissel. Awer näischt geet iwwer eng Kuuscht mat Duxmunder Botter!
Dat heescht Thünginger Wirschtercher ass näischt wat dir wëlles hutt ze erfannen?
Eh, lo net direkt, dat ass éischter fir d’Zaldoten. Mee dat ass vläicht eng gutt kommerziell Iddi… Dat kléngt u sech gutt… dat do iwwerleeën ech mir!
Ma op dësen Appetitsureeger géing ech soen schléisse mir och den Interview of a ginn eis mol eppes Guddes sichen fir z’iessen!
Oh jo, eng gutt Botterschmier, oder Bottich, wéi se hei am Éislek soen.
Lisi Linster am Austausch mam Lex Gillen als Adam Sigmund von Thüngen
Dem Adam Sigmund von Thüngen seng Festung
Ee gratis interaktive Spektakel am Musée Dräi Eechelen
Sonndeg 12. November 11 h LU
Sonndeg 17. Dezember 11 h LU
Sonndeg 21. Januar 11 h LU
Sonndeg 25. Februar 11 h LU
Sonndeg 17. März 11 h LU
Sonndeg 14. Abrëll 11 h LU
Op Umeldung:
Tél: (+352) 479 330-214/414
E-Mail: servicedespublics@mnaha.etat.lu
Am Kader vun der Ausstellung: Sub umbra alarum. Luxemburg, Festung der Habsburger (1716-1741)